
D'Limonade,
déi alles op de Kapp
dréit.
Wéineg Zocker. Vill Goût. 100 % Kappstand.
Local Twist, Global Taste. Eng Zitrounenlimonad, gemaach zu Lëtzebuerg – liicht, equilibréiert an erfrëschend.
Méi iwwer eis →
Manner Zocker.
Méi Goût.
Eis Zitrounenlimonad ass liicht, frësch an ouni kënschtlech Zousätz – a gëtt komplett hei zu Lëtzebuerg produzéiert.
Elo probéieren →
Wéi vill Duuscht hutt Dir?
Klickt op eng Kaart – a stellt se op de Kapp ↻
Cajot
24 × 0,33 l
Cajot
- 24 × 0,33 l Zitrounenlimonad
- 38,00 € inkl. 3 % TVA
- + 6,00 € Konsign – zeréck beim Retour
- −50 % Zocker
- Ideal fir Eventer, Bistroen & Restauranten
6er Pack
6 × 0,33 l
6er Pack
- 6 × 0,33 l Zitrounenlimonad
- 10,00 € inkl. 3 % TVA
- Ouni Konsign
- −50 % Zocker
- Perfekt fir doheem oder als Cadeau
Wou kritt een Kappstand?
An 15 Bistroen, Restauranten, Geschäfter a Fräizäitplazen uechter d'Land.
Däin Etablissement och?
Du wëlls Kappstand an dengem Bistro, Restaurant oder Geschäft ubidden? Mell dech bei eis.
Wéi vill Cajote brauch ech?
Gitt Är Gäscht an d'Dauer vun Ärem Event an, mir rechnen et Iech aus.
Mir kombinéieren automatesch Cajoten a 6er Packs, sou datt Dir net ze vill kaaft. Richtwäert: ronn 1 Fläsch pro Persoun an der éischter Stonn, duerno eng hallef Fläsch pro Stonn. Fir méi grouss Eventer: frot eng Offer un.
Dir hutt
Froen?
Hei sinn d'Äntwerten op dat, wat eis am meeschte gefrot gëtt. Näischt fonnt? Schreift eis.
Wat ass d'Konsign a wéi kréien ech se zeréck?
Op all Cajot kommen 6,00 € Konsign. Déi kritt Dir zeréck, soubal Dir de Cajot mat den eidele Fläschen zeréckbréngt. De 6er Pack huet keng Konsign.
Wéi kann ech bezuelen?
Direkt online a sécher iwwer Stripe – mat Kreditkaart oder anere Bezuelméthoden, déi Iech beim Bezuelen ugewise ginn.
Wéi kréien ech meng Bestellung?
Dir kënnt Är Bestellung gratis ofhuelen. No der Bestellung mellen mir eis bei Iech mat Plaz an Zäit.
Wéi vill Zocker ass a Kappstand?
Eis Zitrounenlimonad huet ongeféier d'Hallschent manner Zocker wéi eng klassesch Limonad – a keng kënschtlech Zousätz.
Kann ech fir en Event oder fir mäi Betrib bestellen?
Jo, gär! Mat eisem Event-Rechner gesitt Dir direkt, wéi vill Dir braucht. Fir Restauranten, Caféen a Firmen maache mir Iech eng Offer op Mooss: Fir Betriber.
Wou kann ech Kappstand nach kafen?
Iwwer 15 Bistroen, Restauranten a Geschäfter uechter d'Land verkafen eis Limonad. Kuckt op der Kaart, wou Dir eis fannt.
Follow eis: @_kappstand_
Hannert de Kulissen, Eventer a Neiegkeeten vu Kappstand.