
Véier Frënn.
Eng Iddi.
Op de Kapp gestallt.
Mir sinn véier jonk Lëtzebuerger – a mir wëllen déi bescht Alternativ am Land ginn.
Et huet am Lycée ugefaangen – mat enger Mini-Entreprise an enger Fro: Wat kënne mir maachen, dat jiddereen notze kann – ouni dobäi eise Wäerter ontrei ze ginn?
Wat als Schoulprojet ugefaangen huet, hu mir net méi lassgelooss. Joer fir Joer hu mir eis Iddi weiderentwéckelt: Rezept getest, verworf, nach eng Kéier getest – bis de Goût gestëmmt huet.
Am November 2025 hu mir de grousse Schrëtt gemaach a Kappstand Sàrl-S gegrënnt. Haut produzéiere mir mam „Den Heischter“ de Kappstand, deen Dir all esou gär hutt.
Den Numm? Dat ass eng Geschicht fir sech – frot eis einfach, wann Dir eis um Stand begéint.
Vun enger Iddi am Klassesall zu enger richteger Firma.
Véier Frënn, déi net opgehalen hunn, wéi d'Schoulprojet eriwwer war.


Schrëtt fir Schrëtt.
Mir wuessen net iwwer Nuecht – mä mir wuessen. All Schrëtt gëtt richteg gemaach, ier deen nächsten kënnt.
D'Mini-Entreprise
Véier Frënn, eng Fro an e Schoulprojet. Hei ass d'Iddi vu Kappstand entstanen.
Weider ausgebaut
Mir hunn net opgehalen: Rezept verbessert, Fläschen, Etiketten a Cajoten – ëmmer e Stéck méi.
Kappstand Sàrl-S
Aus dem Schoulprojet gëtt eng richteg Firma. De grousse Schrëtt ass gemaach.
Produktioun mam „Den Heischter“
Haut produzéiere mir mam „Den Heischter“ de Kappstand, deen Dir all esou gär hutt – a bréngen e Stéck fir Stéck an d'ganzt Land.
D'Nummer 1 Alternativ
Wann zu Lëtzebuerg een eng Limonad bestellt, soll hien un eis denken. Dofir schaffe mir all Dag.
Gitt en Deel vun eiser Geschicht.
All Fläsch, déi Dir kaaft, hëlleft eis, de nächste Schrëtt ze maachen. Merci!
Kappstand probéieren → Kontaktéiert eis